
Sicht iech hei déi passend Memberskaart fir d’Saison 25/26 raus a gitt en Deel vun eisem Veräin:
- 25€ fir net aktiv Memberen: Stëmmrecht als Member
- 50€ fir net aktiv Memberen: Stëmmrecht + gratis Entrée fir Heemmatcher
- 75€ fir aktiv Memberen: Stëmmrecht + gratis Entrée fir Heemmatcher
- 125€ membre d’honneur: Stëmmrecht + gratis Entrée fir Heemmatcher + Schal
Mir bieden Iech de jeeweilege Betrag op eise Kont bei der BCEE: LU57 0019 4555 5858 6000 mat der Kommunikatioun Memberskaart 24/25 (Numm Virnumm) ze iwwerweisen oder de passende Montant ganz einfach iwwer de QR-Code (heidrënner) via Payconiq ze bezuelen.
Wichteg Info: Eis Jugendspiller bezuelen hier Memberskaart un d‘Entente ‘#entente2B‘, a sinn heivun net betraff. Mir verschécken och keng physesch Kaarte méi. Bei den Heemmatcher brauch dir just ären Numm ze soen a mir gesinn dann déi passend Memberskaart mat der gratis Entrée. Villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung a bis geschwënn bei eis zu Biwer um Terrain!

Procuration de vote fir d’Generalversammlung
Falls dir als Member net un der Generalversammlung deelhuele kënnt, biede mir iech d’Procuration de vote heidrënner auszefëllen an eis virun der Versammlung op secretariat@fcbiwer.lu zoukommen ze loossen. Villmools Merci!
