Jugend

Am Jugendberäich hu mir eng Entente mat dem FC Berdenia Berbourg mam Numm „Entente2B“. Fir d’Kategorien U15 & U17 gëtt et dann eng gemeinsam Entente vun der Entente2B an der Union Mertert-Wasserbillig. Hei den Iwwerbléck vun eisen Ekippen an Traineren:

Insgesamt maachen dat 12 Ekippe mat 20 fix Traineren. Donieft hëllefen nach eng ganz Partie Back-up Traineren.


Koordinéiert gëtt de ganze Jugendberäich vun eiser Jugendkommissioun. Déi sportlech Organisatioun gëtt vun eise Koordinatore Claude Kasel (U7-U13) a Marcel Bamberg (U13-U17) iwwerholl.

Bei Froen ass eis Ekipp iwwer secretariat@entente2b.lu ze erreechen. Aktualitéiten, Spillplang an Events fannt dir op der Facebook– an Instagram-Säit vun der Entente2B.