
Tippspill 2026-2027:
Wichteg: mellt iech iwwert de Link heidrënner mat follgendem Usernumm un: VirnummNonumm (Beispill Max Mustermann –> MaxMustermann). Aner Nimm mat Zuelen oder Spëtznimm ginn net validéiert an net an d’Tippspill opgeholl. Falls dir scho beim Tippspill vum leschte Joer dobäi wart, brauch dir iech just iwwer de Link anzeloggen a keen neien Numm unzeleeën. Getippt ginn d’Matcher vun eiser éischter Ekipp + deen een oder anere Match aus der 1. Divisioun. D’Tipps kënnen zu all Moment, also och bis den Dag virum jeeweilege Spilldag agedroe ginn. Ausbezuelt ginn d’Gewënner no der Réckronn um Enn vun der Saison. Am Total gi 50% vun de Recetten ausbezuelt an un déi éischt véier Plazen opgedeelt: 40% – 1. Plaz, 30% – 2. Plaz, 20% – 3. Plaz, 10% – 4. Plaz. D’lescht Joer krut de Gewënner 500 Euro!
Den Asaz vun 20 Euro ass via Iwwerweisung op den LU57 0019 4555 5858 6000 (BCEELULL) oder SumUp (https://pay.sumup.com/b2c/QAWDBAL4) virum 20. August ze bezuelen.
FCJB Tippspill via Kicktipp-App: https://www.kicktipp.de/fcjb-tippspill-2526/
Vill Gléck!
