Op dëser Säit fannt dir all eis Sponsoringméiglechkeeten – souwuel fir Betriber wéi och fir Privatpersounen, beispillsweis duerch eise Matchballsponsoring. D’Detailer dozou fannt Dir ënnen op der Säit. An der Broschür direkt heidrënner fannt dir all eis Packagen mat de Präisser. Wann dir Froen an interesséiert sidd, zéckt net iech bei eis ze mellen. Dat geet ganz einfach iwwer secretariat@fcbiwer.lu.
Eis Packagen

Matchball

Mat dem Sponsore vum Matchball gëtt et eng weider Méiglechkeet eise Veräin ze ënnerstëtzen. De Package kascht 100 Euro an enthält:
– FCJB Schal
– Foto mam Kapitän
– Social Media Post
De Package ka vu Privatpersoune a Betriber gebucht ginn. Dës kënnen hir Logoen siichtbar op der Foto weisen (Kleedung, Schal, …) a gi vun eis op Social Media ernimmt a markéiert. Mellt iech bei eis iwwer secretariat@fcbiwer.lu. De Montant vun 100 Euro ka ganz einfach iwwer Payconiq (QR-Code) oder Iwwerweisung op den LU57 0019 4555 5858 6000 bezuelt ginn.
