
D’Grënnungsversammlung vum FC Jeunesse Biwer an zu der Opnam an déi lëtzebuergesch Fussballsfederatioun FLF gouf den 19. Mäerz 1939 an der aler Molkerei zu Biwer aberuff. Follgend Persoune waren Deel vun der Versammlung: Back Eugène, Becker Marcel, Bicheler Robert, Dondelinger Emile, Olinger Emile, Hurt Georges, Kasel Pierre, Kartheiser Roger, Knaff Jean-Pierre, Konsbrück Pierre, Kraemer Mathias, Nilles Camille, Pleim Jean, Reuter Marcel, Ries Dominique, Simon Thedy, Speller René, Scheuffling Martin, Schreiner Marcel, Schuller Raymond, Schuller Pierre, Vermeiren Jacques, Wagner Emile, Wagner Nic, Wagner Thedy, Wagner Jean, Weber Alfred, Weimerskirch Robert a Weis Edouard.

Den éischte President war de Geschäftsmann Simon Thedy an eis éischt Uniformen hunn aus engem giel-schwaarz karéierten Trikot an enger schwaarzer Box bestan. Déi méi schwéier Fro war eng Plaz fir en Terrain ze fannen. Schlussendlech gouf am Duerf, méi genau „ënnert dem Knapp“, eng Plaz fir den éischten Terrain fonnt.
Nom Krich am Joer 1945 ass de Veräin mam President André Duscher, Vize-President Georges Hurt, Caissier Pierre Kasel a Sekretär Jean-Pierre Lauer nei opgestallt ginn. Den éischte Match nom Krich goung mat engem 2-2 géint Gréiwemaacher op en Enn. Fir d’Saison 1946/1947 gouf déi éischte Kéier eng Reserven-Ekipp fir de Championnat ugemellt. Déi éischt Ekipp huet 4 Joer an der 2. Divisioun gespillt bis se 1950 opgestigen ass.

Den 29. Juli 1951 gouf den Terrain, esou wéi mir en haut kennen, ageweit an et goufen nei Veräinsfaarwe rausgesicht: e gréngen Trikot, eng schwaarz Box a gréng-wäiss Strëmp. An der Saison 1953/1954 si mir nees gefall. Fir d’Saison 1955/1956 gouf fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht eng Jugendekipp ugemellt. D’Zil war et fir weideren Nowuess aus der Regioun ze rekutéieren a si fir de Seniorsberäich opzebauen.

Nodeems d’Fussballsfederatioun eng nei Opdeelung vun den Divisiounen duerchgefouert huet, hu mir vun der Saison 1957/1958 un an der 3. Divisioun gespillt, an där mir och eng Rei Jore verbruecht hunn.

D’Saison 1962/1963 sollt e Succes ginn: Opstig a Meeschtertitel vun der 3. Divisioun mat enger Goldifferenz vun 146-16.

An de Joren duero hu mir eis ëmmer an der zweeter an drëtter Divisoun opgehalen.

1974 krut eisen Terrain dann eng nei Flutlicht-Anlag fir Matcher och owes spillen ze kënnen.

De gréisste sportleche Succes gouf et 1976 an der Coupe de Luxembourg wou mir 1/4-Finall erreecht hunn – an um Wee dohin ënner anerem Top-Veräiner wéi eng Escher Fola rausgeschoss hunn. Donieft krut eise Veräin d’Auszeechnung vum „Challenge du Républicain“ fir de Veräin aus den ënneschten Divisiounen deen am Längsten an der Coupe dobäi war. An: eis Ekipp gouf mam „Challenge du Fair Play“ ausgezeechent.

Nodeems mir 6 Joer an der zweeter Divisioun verbruecht hunn, ass et eiser éischter Ekipp am Joer 1981/1982 gelongen eng zweete Kéier an déi 1. Divisioun opzesteigen, wou mir zwee Joer verbruecht hunn. Well an der Saison 1985/1986 d’Reservenekippen vun den éischten Ekippen am Championnat getrennt gi sinn, goufe mir an déi zweet Divisioun agedeelt. Hei ass eis nees den direkte Opstig gelongen. Eis Reservenekipp konnt sech 1986 an der éischter Klass géint Ekippen vun Top-Veräiner behapten an d’Klass halen.

Rekordspiller vun eisem Veräin ass mat iwwer 1.000 Matcher de Roby Weis. Bis op enger Saison zu Waasserbëlleg, stoung de Roby ëmmer zu Biwer um Terrain.
Ze ernimmen sinn dann och e puer Leit ouni déi et ass haut esou net géing ginn. De Georges Hurt war laangjärege Buergermeeschter, Deputéierten an de 60er- a 70er-Joren a vun 1951-1964 an 1966-1974 President vum Biwer Fussball. De Felix Kieffer war vun 1952-1985 wärend 33 Joer Caissier a vun 1985-1989 President. An ni ze vergiessen: de Fernand Konsbruck.

De Fernand huet zanter 1955 als Stiermer op der Band vill Jore selwer gespillt. Ma no senger aktiver Zäit ass de Biwer Terrain trotzdeem säin Doheem bliwwen. Bis 1999 huet de Fernand eis zweet Ekipp trainéiert an nieft senger kuerzer Zäit als Caissier war de Fernand iwwer 25 Joer Sekretär vum FC Jeunesse Biwer. Ënner anerem huet hien de Bou doheem op der Schreifmaschinn geschriwwen an d’Ekippenopstellungen an de Caféeën an am Reider opgehangen. Sonndes war et Traditioun, dass de Fernand mam Fändel op der Linn stoung. A wann hien gejaut huet „Mäi Gott a mäin Här“, da wosst all Spiller Bescheed. De Fernand war iwwer 50 Joer am Veräin aktiv a wäert fir ëmmer e Pilier an e grousst Virbild bleiwen.

Eng wichteg Roll huet awer och de Supporterclub „Allez déi Gréng“ gespillt. 1967 hunn de Michel Eifler an de René Portz de Club mat Sëtz am Café Poos zu Wecker gegrënnt. Nieft dem Ënnerstëtze bei de Matcher, hunn si och d’Buvette gemaach, Pronosticke verkaf a Baler organiséiert fir esou all Joer dem Veräin eng ronn 100.000 lëtzebuergesch Frang ze iwwerreechen.


De Jugendberäich hat et net ëmmer einfach.

Sou war et, dass op Initiativ um Guy Fürpass 1996 Ziedelen an der Gemeng verdeelt gi sinn, fir d’Bouwen fir de Fussball ze begeeschteren.


E Joer méi spéit grënnt sech déi éischt Jugendkommissioun. Konsequenz dovunner war awer och, dass et wéinst deene villen Traininger a Matcher um Terrain ëmmer méi enk ginn ass. Am Joer 2004 gëtt doropshinn eisen zweeten Terrain vun de Gemengeverantwortlechen ageweit.


An der Saison 2006/2007 hu mir et nees an d’Press gepackt. Mam Trainerduo Thomas Richter a Marc Nies hu mir et an der Coupe de Luxembourg nom Succes vun 1976 nees bis an 1/4-Finall gepackt.

Virun enger eemoleger Kuliss hunn eis Jongen am Elefmeterschéissen den 1. Mee 2007 géint Käerjeng verluer. Bei eis am Gol, e richtege Biwer Original a President vun 1995 bis 2009, de Serge Meyer.

Am Joer 2021 gouf et eng Nouvell: eng (zweet) Dammenekipp.

No engem Opruff op de soziale Medien huet den FC Jeunesse Biwer seng éischt Dammenekipp fir de Championnat 2021/2022 ugemellt. Fir d’Saison 2025/2026 gouf eng nei Entente mam Numm Entente Osten zesumme mat dem CS Gréiwemaacher an der Unioun Mäertert-Waasserbëlleg gegrënnt.


Am Joer 2018 gouf am Jugendberäich déi nei Entente zesumme mam FC Berdenia Berbourg gegrënnt. Bis haut trainéieren iwwer 100 Kanner encadréiert vun zwee Sportskoordinatoren, enger engagéierter Jugendkommissioun an iwwer 20 Traineren zu Biwer an zu Berbourg.

An der Broschür vun dem 75ten Anniversaire fannt dir nach vill Fotoen an Informatioune ronderëm eise Veräin.
Vill Spaass beim Liesen!