
Sicht iech hei déi passend Memberskaart fir d’Saison 25/26 raus a gitt en Deel vun eisem Veräin:
- 25€ fir net aktiv Memberen: Stëmmrecht als Member
- 50€ fir net aktiv Memberen: Stëmmrecht + gratis Entrée fir Heemmatcher
- 75€ fir aktiv Memberen: Stëmmrecht + gratis Entrée fir Heemmatcher
- 125€ membre d’honneur: Stëmmrecht + gratis Entrée fir Heemmatcher + Schal
Mir bieden Iech de jeeweilege Betrag op eise Kont bei der BCEE: LU57 0019 4555 5858 6000 mat der Kommunikatioun Memberskaart 24/25 (Numm Virnumm) ze iwwerweisen oder de Montant ganz einfach iwwer d’QR-Coden heidrënner via Payconiq ze bezuelen.
Wichteg Info: Eis Jugendspiller bezuelen hier Memberskaart un d‘Entente ‘#entente2B‘, a sinn heivun net betraff. Mir verschécken och keng physesch Kaarte méi. Bei den Heemmatcher brauch dir just ären Numm ze soen a mir gesinn dann déi passend Memberskaart mat der gratis Entrée. Villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung a bis geschwënn bei eis zu Biwer um Terrain!
(Fir Handynotzer: de passende QR-Code einfach laang gedréckt halen an dann op „Link öffnen“ klicken. Sou land dir automatesch an der Payconiq-App)



